Vous êtes à la page : Club > Historique

Geschicht


Et war 1917, also nach am éichte Weltkrich, wéi e puer Kollegen sech zesummefond hunn, fir de Futtballclub 'FC Jeunesse' ze grënnen. Trotz ville Schwieregkeeten, besonneg finanzieller Aart, hunn ëmmer méi jonk Leit Interessen a Spaass un desem Sport fond. De Futtballterrain war deemols am 'Brill'. D'Faarwen vum Veräin: blo-wäissen Trikot, wäiss Box a blo Strëmp. Leider goung de Veräin 1923 an d'Bréch.

1929 gouf e neie Start geholl ënnert dem Numm 'Red Star'. D'Spiller haaten als Uniform eng schwarz Box, e wäisst Hiem mat engem roude Stär op der Broscht, wéi de Numm 'Red Star' et jo och undeit. Mee och dese Veräin ass 1934 zesummegebrach: erem eng Kéier waren finanziel Schwieregkeeten a besonneg d'Feelen vun engem spillbaren Terrain d'Ursaachen vum Zesummebroch.

Deemols ware ganz gutt Spiller an der Equipe: Batti Juchemes, Nic. Klein, Mett Reding, Mich Doncels, 'Schouster' Clos, Jhak Flener, Nic. Schmit, Jos Stiefer, de 'Nikla' (Gesell an der Schreinerei Baum), Pol Biever, Pierre Risch, Jos Juchemes; Reserve: J.P Flener.

Heizou eng kleng Anekdot: De Pol Biever, Jong vum Direkter vun der Neelfabrik war de beschte Spiller. Sonndes, no engem gewonnene Match war hien beim feieren voll ginn. Deen aneren Daag huet hien missen an de Premières-Examen goen, huet deen awer nach mat Auszeechnung bestaan. Virum Krich war hien um 'Fina'-Tanker, am Krich Pilot bei der RAF. Nom Krich as hien bei engem Fligerongléck em d'Liewe komm.

Wéi ass d'Grënnung vum Veräin zustaan komm? Bei wat fir enger Geleenheet?

D'Iddi, e Futtballclub ze grënnen, ass am Summer 1942, am Heemount, zu Biissen bei der Atert nees opkomm. Véier jonk Kärelen, den Albert Hames, den Ern Lucius, den Alois Reding an de Fernand Reuland, 'Rullo', hunn nom Schwammen an der Atert sech an enger Wiss ausgerascht an dobäi iwer de Futtball geschwat. Hir Iddi gouf dann an enger Grënnungsversammlung verwierklecht. Des Versammlung war e puer Méint méi spéit am Hierscht, an zwar Sonndes no der Vesper, am deemolegen Café Reding. An deser Versammlung gouf de Fernand Reuland zum Präsident a Kapitän vun der Equipe gewielt.

 Wien waren déi éicht Grënnungsmemberen a wéi koum et zum aktuellen Numm?

Vun Ufank un waren derbäi de Louis Bodé, den Arthur Cloos, den Albert Raths, de Rosch Saurfeld, de Georges Stoffel, de Pir Traufler, den Albert Reuter, den Etienne Reuter. Am Krich gouf den Etienne Reuter a sénger Stopp a 'Laaschtert' vun der Gestapo fond, koum an de Prisong wou hien erschoss gouf. Den Albert Reuter ass bei engem Fligerugreff op Zwickau (Hollerécher Gare) em d'Liewe komm.

Déi selwecht Zäit haten och e puer Schirener Jongen d'Iddi, fir e Futtballclub ze grënnen. Bley, Fischbach, Garson, Meisch an Thoma waren e lauter Kolleegen vum 'Rullo' aus der Equipe vum Dikrecher Kolléisch. Déi Biisser hunn dunn mat de Schirener eng Equipe zesummegesaat. Am Ufank gouf ennert dem Numm FC 42 gespillt.

Déi Biisser hunn déckevoll trainéiert, an et sinn och vill Matcher gespillt ginn. Et ass nit lang am viraus geplangt ginn. Sonndes mueres huet een sech an de Nopeschdierfer emfrot. "Hutt dir Zäit fir Futtball ze spillen? Komm dir haut bei eis erof, da komme mir de nächste Sonndeg bei iech. Wéini geet et lass?" No dese puer Froenwaren d'Matcher sou gutt wéi organiséiert. Nomettes, gewéinlech em 3 Auer, gouf dann de Futtballmatch ausgedroen.  

Well Krich war, huet all Veräin sech missen an déi däitsch Federatioun 'NSRL' androe loossen. Fir déi Saach ze emgoen, si méi well Matcher wéi der 'offizieller gespillt ginn. Och ass de Club nemmen als eng hallef Saach ugesinn ginn, well kee richteg wousst, op de 'Chef' zu Biissen oder zu Schiren wäer.

Dunn, wéi d'Haaptspiller Arthur Cloos, Alois Reding, Fernand Reuland a Georges Stoffel an d'Wehrmacht agezunn goufen, war et méi roueg mam Fussball zu Biissen. den Aloys Quintus an den Albert Raths hunn interimistesch d'Leedung vum Club iwerholl.

Nom Krich, mat der Fräiheet, koum och gläich erem d'Begeeschterung fir de Fussball.

Déi Jongen, déi verstoppt waren, waren rem direkt bereet, fir matzemaachen. Vun deenen, déi awer fort waren, wousst e net op se nach liewe géifen. No der Kapitulatioun vun de Preisen, huet de Repatriement ugefaangen.

De Fernand Reuland war an englescher Gefaangeschaft zu Torgau. Do sollt hien un enger schrecklecher Krankheet stierwen. Den Albert Raths war am Konzentratiounslager Mauthausen.

Déi offiziell Grënnung

De 2'. Juni 1945 huet den Albert Quintus, interimistische Präsident vun der fréierer Equipe, an der Versammlung virgeschloen, een neie Comité ze grënnen.

Et sinn gewielt ginn: Albert Raths, Pri Traufler, Albert Hames, Jhemp Grethen, Alois Quintus, Jhak Flener, Roger Saurfeld

Direkt no deser Grënnungsversammlung huet dee neien Comité séng éicht Sitzung oofgehaalen an d'Chargen verdeelt.

Präsident: Albert Raths

Caissier: Albert Hames

Sekretär: Norbert Rollinger

Memberen:  Alois Quintus

                      Pir Traufler

                      Jhak Flener

                      Roger Saurfeld

                      Jhemp Grethen

 

Zum Kapitän vun der éichter Equipe gouf de Norbert Rollinger ernannt.

De Veräin, deen am Hierscht 1942 ennert dem Numm FC 42 Biissen gegrennt gi war, krut vun desem Moment un, op Virschlaag vum Pir Traufler, de Numm FC Atert an ass bei der FLF ugemellt ginn. Biissen huet den éichten Championnat nom Krich 1945-1946 direkt matgespillt. Um Enn vun der Saison loung d'Equipe op der éirevoller drëtter Plaaz. Dat Joer drop ass se gestiegen.

Den éichte Match géint Fiels, virun enger grousser Zuschauerkuliss gouff 5-1 gewonn.

D'Goaler hu geschoss: Norbert Rollinger 2, Lucien Grethen 2 a Nic. Kayser